Den iNaturalist ass ee "citizen science" Projet. Dat heescht hei ka jiddfereen, deen sech fir Natur interesséiert, de Wëssenschaftler bei hirer Aarbecht hëllefen, an (wëll) Déieren a Planzen dokumentéieren. Et geet drëms Beobachtungen zur Biodiversitéit ze machen, an dës ob engem internationale Portal zesummen ze droen an ze deelen.
Zu dësem Zweck gouf den iNaturalist als online soziaalt Netzwierk opgebaut. Hei kënnen mir all zesummeschaffen an ons austauschen : Naturalisten (Persounen, dei d’Naturgeschicht studéieren), Biologen, an eben dir als ‘citizen scientists’. Et geet also drëms, Beobachtunge vu wëllen Aarten ze maachen, an dës iwwert iNaturalist-App respektif iwwert iNaturalist-Websäit eropzelueden a mat der weltwäiter Gemeinschaft ze deelen.
Eng automatesch Bilderkennung an d’Gemeinschaft vu Naturalisten a Biologen hëllefen engem dobäi, d’Aart esou genee wei méiglech ze bestëmmen. Dëse Projet vun iNaturalist gëtt hei zu Lëtzebuerg vum natur musée koordinéiert.
Du kanns dir d'iNaturalist-App gratis eroflueden fir den IPhone an fir Android , respektiv gees du op d'Websait vun iNaturlist. Duerno kanns Du Dir e Konto bei iNaturalist opmaachen.
Titel
iNaturalist - Biodiversitéitsbeobachtunge mam Smartphone maachen