SE2 vum 01.04.2021

Forums mécanique générale SE2 vum 01.04.2021

Viewing 1 post (of 1 total)
  • Author
    Posts
  • #3135
    Christophe THEKES
    Participant

    An der zweeter Seance wollte mir onbedéngt ob de Feedback aus eisem éischten Treffen agoen, och wann d’Gruppenzesummenstellung elo eng aner war. Dofir hu mir den OneNotes am Detail virgestallt:

    OneNote Ablauf

    An der zweeter halschent huet den Invité Pascal Elsen aus der Schräinerei vum Lycée Privé Emile Metz gewisen, wèi een den OneNotes am Atelier kann benotzen. Hien erstellt vir seng Schüler Notizhefter an deenen hier Baudeeler fotograféiert an dokumentéiert ginn. Esou kënnen Schüler an och hier Elteren zu all Moment Zougrëff ob d’Aarbecht hunn.

    Dono huet den Wantz Yves gewisen, wie hien de OneNotes am Homeschooling benotzt a wie Schüler och ouni Tablet oder Computer hier Hausaufgaben an Notizen direkt an en Online-Heft kënnen erop lueden. Dat funktionéiert iwwert d’OneNote-App um Smarthphone.

    https://play.google.com/store/apps/details?id=com.microsoft.office.onenote&hl=de&gl=US

Viewing 1 post (of 1 total)
  • You must be logged in to reply to this topic.