bookmark_borderSchroedel aktuell

Hiweis: Des Offer riicht sech nëmmen un d’Léierpersonal an ass nëmmen zougänglech mat engem IAM-Login vun engem Enseignant.

Bei Schroedel aktuell sinn aktuell Theeme mat differenzéiert Aarbechtsblieder a Material fir de Whiteboard didaktesch opbereet. Dat alles kann de Schüler zur Verfügung gestallt ginn. Et handelt sech ëm Material aus all Fachberäicher,  vu „angewandte Wirtschaftslehre“ iwwer Däitsch a Politik bis hin zur Soziologie oder de Sciencen am Fondamental.

bookmark_borderScience.lu Wëssenschaft fir jiddereen

Science.lu Wëssenschaft fir jiddereen ass eng flott Internetsait, déi  vill spannend wëssenschaftlech Experimenter enthält.

Dës si fir Kanner a Jugendlecher besonneg flott, an einfach doheem nozemaachen. Esou gett Wëssenschaft lieweg an ganz liicht ze verstoen.

An deem Kontext proposéiert science.lu all Dag flott Experimenter déi dir doheem, och gären zesummen matt ären Elteren, kennt nomaachen.

bookmark_borderSofatutor

Sofatutor ass fir Enseignanten, Schüler a Schoule momentan gratis. Des Plattform bitt Videoen, Übungen, Aarbechtsblieder an eng 24Stonnen-Hëllef zu verschiddene Fächer. Den Enseignant kann sech eng gratis “Lehrerlizenz” iwwer e Formular ufroen.Dann kritt hien och gratis Zougäng fir seng Schüler, sou kann hien hinne Videoe mat passenden Aufgabe schécken. Et fënnt och en Online-Seminär fir Enseignantë statt, wou des erkläert kréien, wéi een am beschte mam Material schaffe kann.

bookmark_borderSozialkompetenz testen

Wie steht es um deine Sozialkompetenz? Wie gut kannst du im Team oder in der Gruppe arbeiten? Mehr Aufschluss darüber bekommst du, wenn du diesen Test ausgefüllt hast.

bookmark_borderRegeltrainer pro

De Regeltrainer pro ass fir déi Léit geduecht, déi schonn en avancéierten Niveau am Däitschen hunn. Et ginn 44 interaktiv Übungen an dréi Schwieregkeetsgraden ugebueden zu den Beräicher ‚Getrennt- an Zesummeschreiwung‘, ‚Grouss- an Klengschreiwung‘ an der ‚Kommasetzung‘. D’Niveau-Säiten sinn esou opgebaut, dass si zur Erklärung, Memorisatioun an Verbalisatioun vun der entspriechender Reegel genotzt kennen ginn.

bookmark_borderRegeltrainer

De Regeltrainer proposéiert Übungen zu 25 schwierege Beräicher aus der däitscher Rechtschreiwung: dozou gehéieren Kommasetzung, Übungen zur Vergaangenheetsform, zu de Saatzzeechen bei der direkter oder indirekter Ried an zu schwierege Pluralformen. 

D’Haaptsäit ass gläichzäiteg Inhaltsverzeechnis a Lernprotokoll. 80 Übungen op 3 Niveaue ginn hei ugebueden. 

bookmark_borderRestaurant – App

D´Applikatioun “Prüfung – Restaurant” enthält an der gratis Basis-Versioun 100 Froen zu verschiddenen Themeberäicher. Sie enthält en Übungsmodus, Prüfungssimulatiounen an et kritt ee Réckmeldungen zum individuelle Wëssensstand. D´Applikatioun gëtt et fir iOS an Apple Geräter. Wann een d´App gelueden huet dréckt een op de Button “zur App”, da kann een auswielen, ob een Froen no Thema gestallt kritt, et kann een un enger Prüfung deelhuelen oder sech Aufgaben “Boxen” erstellen. D´Applikatioun préift virun allem theoretescht Wëssen of an eegent sech net onbedéngt fir Schüler am éischte Léierjoer.

bookmark_borderSchlaukopf.de – interaktive Fragen

Auf der Seite Schlaukopf.de bekommen die Schüler interaktive Fragen zu bestimmten Unterrichtsthemen gestellt und erhalten am Ende eine Bewertung. Der Lehrer muss zuerst den Bereich „Ausbildung“ auswählen, dann den Beruf und das Thema / Fach. Danach kann er den Link an seine Schüler senden. Auch als Schüler hat man Zugang und kann sein Wissen testen.

bookmark_borderPlanspiel – Datenbank

Planspiel – Datenbank

Dantenbank: Planspiele in der politischen Bildung

Des Datebank enthält ongeféier 300 Beschreiwunge vu “Planspiele” fir den Asaz am schoulesche Kontext. D´Spiller sinn esou opgebaut, dass se engem fiktiven oder zum Deel fiktiven Zenario noempfonnt sinn. D´Schüler iwwerhuelen d´Roll vun engem Acteur an huelen esou aktiv un de Verhandlungen an Entscheedungsprozesser deel. Et gëtt och en Themeberäich, deen sech mat der Wirtschaftspolitik befaasst.