bookmark_borderPhET interaktive Simulationen

PhET ist ein gemeinnütziges offenes Bildungsressourcenprojekt der Universität Colorado (USA) über das 125 kostenlose interaktive Simulationen zur Verfügung gestellt werden in den Bereichen Physik, Chemie, Biologie, Geowissenschaften und Mathematik. Die Simulationen wurden in mehr als 65 verschiedene Sprachen übersetzt, darunter Spanisch, Chinesisch, Deutsch und Arabisch.

bookmark_borderPKW Mechanik BREMSEN

Bremsen-Reparatur und elektrische Feststellbremse | Das große Spezial | Die Autodoktoren
Erklärung zum Bremsensystem.

bookmark_borderOn Water (sur l’eau)

D’Ausstellung On water – sur l’eau vun der Banque européenne d’investissement weist aussergewéinlech Fotoe vum Yann Arthus-Bertrand a vum Philippe Bourseiller.

D’Ausstellung gëtt vum SCRIPT vun Oktober 2019 un wärend zwee Joer an sechs Lycéeën ze Lëtzebuerg gewisen. Wéinst der aktuelle Situatioun stelle mir se och digital zur Verfügung.

Di international renomméiert Ausstellung mat hire Fotoen iwwer Natuerwonner, zum Beispill aus der Antarktis oder Tansania oder Guinea, riicht sech un all Klassen (Enseignement fondamental an Enseignement secondaire.)

An dësen  Zäite gi mer eis ëmmer méi bewosst, wéi wäertvoll a rar eis natierlech Ressourcë sinn, virun allem d’Waasser. On Water – Sur l’eau ass eng eemoleg Geleeënheet, fir de komplexen Thema eemol aneschters zu thematiséieren.

Wann dir duuschtereg sidd, maacht dir de Krunn op an drénkt.

Wan géif geschéien, wann näischt erauskéim?

Mir sinn all gewinnt, alles direkt ze kréie wat mir wëllen. Mee d’Klimaverännerunge weisen, dass mir iwwer den Afloss, den eis Verhalen op laang Siicht huet, missen nodenken. Mir mussen eis natierlech Ressourcë wéi zum Beispill d’Waasser erhalen a schützen. Des Foto-Kollektioun vum Yann Arthus-Bertrand an vum Philippe Bourseiller erënnert eis drun, dass mir eng nei Denkweis brauche fir d’Ëmwelt ze schützen, d’Egalitéit ze fërderen a fir d’Liewe vun de Mënschen iwwerall op der Welt ze verbesseren. Mir hänken all vum Waasser of. An dofir si mer all verantwortlech, fir et ze schützen.

bookmark_borderOventrop – online Solarberechnung von Thermischen Solaranlagen

Berechnung a Simulatioun vu Solarthermieanlage fir Heizungen an Drénkwaasser. D´solarthermesch Anlage ginn hisiichtlech der ze erwaardenden Energieeträge wärend der Planungsphase simuléiert. Den Tool erméiglecht d´Berechnung vu Solarertäge vu Solarthermeschen Anlagen zur Drénkwaasser Erwiermung an / oder Heizungs Ënnerstëtzung. D´Simulatioun ass onofhängeg vum Standuert vum Gebai, der Persounenzuel an der ze heizende Fläsch.

bookmark_borderMysimpleshow

Mysimpleshow ass e gratis Tool, fir pregnant, motivéierend an aprägsam Erklärungsvideoen – op Däitsch an op Englesch – ze erstellen. Dat ganzt ass méi eng complex Aufgab, bei där een awer net eleng gelooss gëtt. D´Internetsäit ass gutt strukturéiert an iwwersiichtlech opgebaut an d´Virgoen gëtt Schrëtt-fir- Schrëtt erkläert. Dëst mat Hëllef vun illustréierten Biller, kuerzen Texter a Videoen. Hëllefräich ass och, das seen seng Froen direct an engem Live-Chat kann stellen an sou Äntwerten op konkret Froen kritt.

bookmark_borderOffice365 – Forms

Forms ass eng Applikatioun déi einfach ze handhaben ass an interessant Funktiounen bitt. Mat Forms kann een Onlineëmfroen a Quizzer erstellen an des un aner Persounen schécken. Et stinn 9 verschidden Froentypen zur Auswiel, dorënner Text-Froen a Multipel-Choice Froen. De Link zum online Formular kann een direkt via E-Mail verschécken an d’Resultat vun der Ëmfro kritt een herno als Excel-Tabelle an Diagramm. Grousse Virdeel vu Forms ass, dass d’Ëmfroen souwuel um Handy wéi um Computer kennen opgeruff ginn. Iwwer den Office365 huet een gratis Zougang zu dëser Applikatioun.

bookmark_bordermeinUnterricht.de

Hiweis : Dës Offer riicht sech just un Enseignanten an ass just mat dem IAM-Login vun enger Léierpersoun zougänglech.

 

Op dem Internetsite www.meinunterricht.de gëtt et ca. 100.000 eBooks, Zäitschrëften, Aarbechtsblieder, Léiervideos, -audios a weider Inhalter vu renomméierte Fachverläg, z.B. Auer Verlag, AOL Verlag, Friedrich Verlag, Klett, Persen, RAABE.

 

Nieft villen anere Fächer kënne souwuel Materialie fir den Däitschunterrecht wéi och fir Däitsch als Zweetsprooch erofgelueden an de Schüler zur Verfügung gestallt ginn.

 

D’Sichfunktioun erméiglecht et, zousätzlech zum Fach z.B. Unterrechts- a Léierformater auszewielen, oder eng spezifesch Klass unzeginn, esou datt d’Sich no passendem Material ganz zilgeriicht geschéie kann.