Log in

VET Circle

Wat maachen mir?

Digitalisatioun

Digital Léierinstrumenter a Ressourcë sinn zu noutwennegem Alldag ginn. De VET Circle ënnerstëtzt Enseignanten doranner a bitt hinnen d’Méiglechkeet hier Erfarungen auszetauschen.

Réseautage

Opgedeelt op 10 Fachberäicher ass de VET Circle e moderéiert Netzwierk un deem all Enseignant kann deelhuelen deen sech fir digital Léier-Ressourcen an -Instrumenter interesséiert. Niewent den (online) Treffen all 6 Woche bitt dës Plattform och e Blog an eng Newsletter.

Tools

De VET Circle geréiert eng Sammlung un digitalen Tools, Ressourcen a Link déi am online Repository fräi jidderengem zur Verfügung stinn. Jidderee kann och selwer néi Elementer derbäisëtzen.

Dir sidd interesséiert drun un eisen Séancen deel ze huelen? Mëllt Iech gären bei eisem Newsletter un, fir um Lafenden gehalen ze ginn.

Ween sinn mir?

Fir dësen Reseau um Liewen ze erhalen steet en Team vun motivéierten Enseignanten
hannendrun, déi déi eenzel Seancen moderéieren. Wann Dir wëssen wëllt wien mat vill Méi
déi eenzel Seancen preparéiert fannt Dir hei eng Lescht.


agriculture, horticulture et espaces verts :
• Daniela Hau (LTA)
• Michèle Mangen (LTA)


commerce, information, gestion et logistique :
• Alexandra Scholtes (LTL)
• Kevin Herbrink (LTL)


électrotechnique, télématique, robotique et systèmes d\’information :
• Serge Krier (LGK)


enseignement général :
• Blanche Hoffmann (MLG)
• Sarah Kemp (CNFPC / LGK)
• Sarah Nickels (LMA)


génie civil, construction, fermeture, parachèvement et aménagement intérieur et entretien des bâtiments :
• Lisi Schmitz (LJBM)
• Marc Kill (LJBM)


mécanique et maintenance automobiles et carrosserie :
• Christian Turk (LTC)


mécanique générale :
• Christophe Thekes (LPEM)
• Serge Kayser (LPEM)


santé, soins personnels et services sociaux :
• Anne Collé (LTPS)

An dësem Abschnitt fannt Dir all d’Dokumenter déi am Kader vun schouldoheem.lu an dem VET Circle gesammelt goufen. Alles wat hei zesummen gedroen ass, kënnt Dir benotzen. Mir géifen eis freeën, wann Dir eis hëlleft eisen Bibliothéik och mat Inhalter ze fëllen. Wann Dir eppes Flottes hutt, wat Dir deelen wëllt, lued et roueg erop. Déi Méiglechkeet ass Iech iwwer en Formulaire ënnert eiser Bibliothéik ginn.